Den 13. November 2026 huet d’Lëtzebuerger Schiidskommissioun fir de Sport (CLAS) hir Decisioun an der Affär iwwer d’Memberschaft vun eisem Club an der nationaler Squashfederatioun geholl. D’Decisioun annuléiert d’Decisioun vun der Generalversammlung vum 15. September 2026, déi d’Wiederopnam vum Club refuséiert hat.
D’Federatioun huet ee Mount Zäit, fir e Plang virzeleeën, wéi eis néng Ekippen, dovu véier Jugendekippen, an d’Kompetitioune vun der Saison 2026/2027 integréiert ginn a wéi eis Memberen hir Lizenze kréien.
Mir soen eise Spiller, Elteren a Fräiwëllege Merci fir hir Trei an hir Gedold, a mir freeën eis, erëm an der nationaler Kompetitioun um Terrain ze stoen.








